NewsNews

Tagung „zusammen wachsen!“ 28.09.23
28.09.2023

Journée "zesumme wuessen" 28.09.23

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu

Den 28.09.23 hu sech zu Esch-Belval eng ronn 120 Invitéen zesumme fonnt, fir sech iwwert de Projet "ALPHA - zesumme wuessen" ze informéieren, sech auszetauschen a sech weiderzebilden. No der Begréissung vum Edukatiounsminister Claude Meisch hunn d'Sarah Scholtes a d'Jil Hoeser, déi zwou Enseignanteën, déi de Pilotprojet schonn d'lescht Schouljoer an hire Klassen ëmgesat hunn, hir éischt Erfarungen aus der Nelly Stein Schoul vu Schëffleng mat de Gäscht gedeelt. Dono huet d'Carole Dupont vum Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) deen neie Parcours de formation fir de Pilotprojet "ALPHA - zesumme wuessen" virgestallt, fir deen sech all interesséiert Enseignantë kënnen aschreiwen, och déi, déi aktuell net um Pilotprojet deelhuelen. D'Participante konnten uschléissend un zwee vun aacht méiglechen Workshoppen deelhuelen. Ageluede waren de Cycle 1, 2 an 3 aus de véier Pilotschoulen, déi 15 Regionaldirektiounen aus dem Enseignement fondamental, d'Enseignanten an d’Direktiounen aus den ëffentlechen Europaschoulen, déi beim Projet matmaachen, déi véier Membere vum wëssenschaftleche Rot an de LUCET, déi de Projet begleeden, sou wéi d'Gemengevertrieder an d'Gemengepersonal vun Diddeleng, Déifferdeng, der Fiels a Schëffleng.