Den Institut de formation de l'Éducation Nationale (IFEN) huet e Léiergang fir d' Alphabetiséierung entwéckelt. Dëse Léiergang erlaabt de Participante Fachwëssen ze verdéiwen andeems se vill Experten treffen an u verschidde Formater kënnen deelhuelen a sech gläichzäiteg an engem Netzwierk weider ze entwéckelen.
Andeems d'Participanten dës Approche auswielen, kënnen si sech iwwer eng méi laang Zäit an an hirem eegenen Tempo mam Thema Alphabetiséierung op Franséisch ausernee setzen, woubäi si bei hirem gesamte Léierprozess individuell betreit ginn.
De Léiergang besteet aus:
- engem strukturéierte Léierprozess
- e puer flexibelen a personaliséierte Léierphasen
- enger individueller Betreiung
- enger praktescher an immersiver Approche
- enger Unerkennung vum Deelhuelen un engem Léiergang op dräi Niveauen:
1. Um Enn vun all Formatioun, déi am Léiergang integréiert ass, kréien d'Participanten eng Attestatioun, deen hir Presenz an hiert Engagement beweist.
2. Fir all erfollegräich ofgeschloss Etapp kritt de Participant een Zwëschbadge. All Zwëschenbadge symboliséiert e Meilesteen am Léiergang an erlaabt de Fortschrëtt ze weisen.
3. Schlussendlech, wann d'Participanten all Schrëtt vum Léiergang ofgeschloss hunn an hiert Zil erreecht hunn, kréien se de finale Badge.
D’Umeldung ass méiglech vum 28. September bis den 20. Oktober 2023.