NewsNews

visitt chamberkommissioun
11.06.2024

Visitt vun den Deputéierte vun der Bildungskommissioun an der Nelly Stein Schoul zu Schëffleng

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu

Nodeems de Projet “ALPHA - zesumme wuessen” den 23. Mee 2024 (ab 0:46:47)  an der zoustänneger Chamberkommissioun virgestallt gouf, konnten d’Deputéiert sech de 7.Juni 2024 zu Schëffleng an der Nelly Stein Schoul informéieren, wéi de Pilotprojet um Terrain ëmgesat gëtt. No de Visitten an de Klasse vum Cycle 1 a Cycle 2 haten d’Membere vun der Bildungskommissioun d’Geleeënheet sech mat de jeeweilegen Titulaire de classe an der I-EBS (Institutrice spécialisée dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques) auszetauschen.