NewsNews

Conseil
20.06.2024

Reunioun vum wëssenschaftleche Rot

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu

Den 12. Juni 2024 war eng Reunioun mam wëssenschaftlechen Rot vum Projet “ALPHA - zesumme wuessen”. Nodeems d’Regionaldirekteren iwwert d’Entwécklung vum Pilotprojet an hire jeeweilege Regiounen gezielt hunn, huet de Koordinatiounsgrupp déi sëllech Echangë an Entwécklungen zënter der leschter Versammlung virgestallt, mat Aspekter wéi d’Zuel vun de Schüler, d’Léiermaterialien, d’Erfollegskrittären an d’Evaluatioun. De LUCET huet dono déi éischt Trends virgestallt, déi se wärend den “Epréuves standardisées” observéiert hunn. Ofschléissend huet den IFEN de Léiergang “Alphabetisatioun” erkläert, dee fir d'Enseignanten opgestallt gouf. Den 13. Juni 2024 war eng Visitt vum wëssenschaftleche Rot, begleet vum Minister, de Gemengeverantwortlechen vu Déifferdeng, dem Regionaldirekter an der Koordinatiounsgrupp, an der Uewerkuerer Schoul geplangt, fir den Impakt an de Fortschrëtt vum Pilotprojet ze beobachten.