Déi éischt Evaluatioun vum Pilotprojet gouf den 21. Juni 2024 publizéiert. D’Tëscheresultater weisen, datt de Pilotprojet, deen de Choix vun enger Alphabetiséierung tëscht Franséisch an Däitsch a gemëschte Klassen ubitt, eventuell hëllefe kéint, fir d’Bildungsongläichheeten zu Lëtzebuerg am Ufank vun der Schoulcarrière unzegoen. De komplette Rapport kann iwwert dëse Link gelies ginn.