Den 9. an 10. Mäerz 2023 war de SCRIPT mat engem Grupp vu ronn 50 Leit, dorënner och eng Delegatioun vun Enseignanten aus dem Pilotprojet, op der „didacta - die Bildungsmesse” zu Stuttgart. D'„didacta”, mat ronn 730 Aussteller aus 62 Länner, ass déi gréisste Bildungsfoire an Europa a gëtt e breeden Abléck an d’Bildungswiesen.
Niewent de villen Aussteller ginn et hei och eng Abberzuel vu Formatiounen, Virträg, Presentatiounen a Workshops. Vertrieder aus Wëssenschaft a Politik treffen hei op Léierpersounen esouwéi Educateuren aus de Schoulen an edukative Betreiungsstrukturen.
D'Enseignantë vum Pilotprojet konnte sech wärend dësen zwee Deeg ënnerteneen austauschen a kruten en Abléck an nei Léiermaterialien, Technologien, Methoden an innovativ Entwécklungen a sämtleche Beräicher vum Bildungswiesen, virun allem awer och a Bezuch op de Pilotprojet.