Den 18. Juli 2024 war eng zweet „zesumme wuessen" - Matinée fir d’Direkteren, d’Adjointen an d’Chargés de gestion administrative aus de 15 Regionaldirektiounen. No der Begréissung vum Joël Mischaux, hunn d'Joanne Colling (LUCET) an d'Caroline Hornung (LUCET) déi éischt Tëscheresultater vum Pilotprojet präsentéiert. Uschléissend war een Echange ënnert der Form vun enger Table ronde.