De 4. Mäerz 2025 huet de Minister fir Bildung, Kanner a Jugend, Claude Meisch, d’Attester un iwwer 50 Enseignanten iwwerreecht, déi den éischte Parcours de formation „ALPHA - zesumme wuessen“, dee vum Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) ugebuede gouf, erfollegräich ofgeschloss haten.
D’Iwwerreechung huet am Kader vun enger pädagogescher Vernissage “Des images qui parlent : inspirations pour alphabétiser” am Kinepolis um Kierchbierg stattfonnt.
No der Zeremonie hunn iwwer 300 Enseignanten dës Ausstellung besicht, fir sech e konkreten Androck vum Projet „ALPHA - zesumme wuessen“ ze maachen. Dobäi konnten si net nëmmen Dokumentatiounen iwwer de Schoulalldag oder dat neit Léiermaterial entdecken, mee virun allem och an direkten Austausch mat den Enseignanten aus de Pilotschoule trieden.