NewsNews

i-ebs
30.05.2025

14.05.25 Journée "ALPHA – zesumme wuessen" fir d' I-EBS

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu

Dësen Dag huet d’spezialiséiert Schoulmeeschtere fir Kanner mat spezielle Besoinen (I-EBS) am Kader vum Pilotprojet "ALPHA – zesumme wuessen " zesummebruecht, fir déi spezifesche pädagogesch Usätz an der Alphabetiséierung am multilinguale Kontext ze verdéiwen. De Programm huet aus engem Aféierungsvirtrag vum Luc Weis (SCRIPT) bestanen, enger Keynote vum Charlotte van den Hove (Formatrice beim IFEN) iwwer d’Presentatioun vun den Aktivitéiten, déi an de Pilotschoule am Kader vum Projet "ALPHA – zesumme wuessen" duerchgefouert goufen, an aus siwen Atelieren, déi sech mat follgenden Themen auserneegesat hunn: artikulatoresch Phonetik, Liesstrategien a Liesflëssegkeet, PIPAS an der franséischer Sprooch, dat orthographescht Plurisystem mat Warnsignaler a Upassungen, didaktescht Material vun C1 bis C4 an de Projet am C1, d’Feeleranalys beim Schreifprozess vu Kanner mat spezifesche Besoinen, an d’Phonem-Graphem-Korrespondenz.

Et war en Dag voller Austausch, Reflexiounen a konkrete pädagogeschen Hëllefsmëttel, fir de Lies- a Schreifprozess vu Kanner mat spezifesche Besoine gezielt ze fërderen.