Den 1. Februar 2023 war den Här Minister Claude Meisch fir eng Visitt an der Nelly Stein Schoul zu Schëffleng am éischte Joer vum Cycle 2 an huet dozou gesot: „Alphabetiséierung op Franséisch: e wichtege Pilotprojet fir d’Zukunft vun eiser Schoul. Eng Chance fir d’schoulesch Entwécklung vu ville Kanner. Dovu konnt ech mech haut zu Schëffleng an enger vun deene 4 Pilotschoulen iwwerzeegen.”