NewsNews

''
20.10.2022

Kick off vum Pilotprojet

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu

Eng ronn 80 Enseignanten aus de Grondschoulen an den internationale Schoule vum Pilotprojet esou wéi hir jeeweileg Direktiounen hunn um Kick off den 20. Oktober 2022 um IFEN zu Esch-Belval deelgeholl. No der Begréissung vum Här Minister Claude Meisch an der Keynote vum Dr. Marc Schmidt konnte si un 2 vu 4 proposéierten Atelieren deelhuelen.

Zitat vum Här Minister Claude Meisch aus senger Usprooch um Event:
„D’Diversitéit zu Lëtzebuerg ass grouss an d'Alphabetiséierung op Franséisch, nieft där op Däitsch, ass e wichtege Schrëtt, fir d'Bildungsongerechtegkeeten zu Lëtzebuerg an de Grëff ze kréien. Iwwert dee Wee soll all Schüler besser Chancen op eng gutt Bildung hunn.
Merci un d’Enseignanten an déi fachlech Begleeder, déi dëse Pilotprojet ëmsetzen. 
Merci fir Äre Courage, Äert Vertrauen an Är Motivatioun, fir dës Pionéierroll ze iwwerhuelen an eppes Grousses ze starten.”