NewsNews

''
17.07.2023

Webinaire „Alphabetiséierung op Franséisch – éischt Abléck an en nationale Pilotprojet”

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu

De Webinaire „Alphabetiséierung op Franséisch – éischt Abléck an en nationale Pilotprojet” goung en Donneschdeg, den 29. Juni 2023 vu 14:00 bis 15:30 Auer um radio 100,7 iwwert d'Antenn.

Mam Alphabetiséiere fänkt eng Schoulcarrière un. Dëst Fundament soll gutt geluecht sinn, fir dass et dono all weidert Wësse ka sécher droen.

Laang Zäit gouf an de Schoulen zu Lëtzebuerg op Däitsch alphabetiséiert. Well awer wäit iwwer 60% vun de Kanner, déi an d’Schoul kommen, eng aner Éischtsprooch hunn wéi d’Lëtzebuergescht, ass driwwer nogeduecht ginn, fir d’Alphabetiséierung och op Franséisch unzebidden.

"ALPHA - zesumme wuessen″ heescht de Pilotprojet, dee vun der leschter Rentrée un (2022-2023) a véier Schoulen ugelaf ass. No bal engem Schouljoer kann een also éischt Erfarungen deelen, Froen, déi sech virun dëser Rentrée gestallt hunn, beäntweren an natierlech e Bléck an d’Zukunft geheien: op de Cycle 3, an deem zu Schëffleng wäert d’Alphabetiséierung op Franséisch vun der Rentrée 2024-2025 wäert weidergoen.

Firwat ass eng Alphabetiséierung, déi sou no wéi méiglech un déi staark Sprooch vum Kand erukënnt, wichteg? Wat bréngt et de Schülerinnen a Schüler? An dem Léierpersonal?

Fir och iwwer d’Theema Alphabetiséierung fir Kanner mat logopedesche Schwieregkeeten ze schwätzen, d’Progressioun vum Projet "ALPHA - zesumme wuessen″ ze diskutéieren a Stëmmen ze héieren déi de Projet ëmsetzen, gouf de Webinaire um radio 100,7 ugebueden.

Gäscht am Studio sinn:

   Marc Schmidt, Direkter vum Centre de Logopedie
   Lynn Lagodny, Coordinatrice vum Projet „ALPHA - zesumme wuessen″
   Philippe Kloos, Direkter EF Regioun Suessem
   Sarah Scholtes, Léierin am Cycle 2.1 zu Schëffleng

> Webinaire