
D’Chamber huet de Gesetzprojet ugeholl, deen d’parallel Alphabetiséierung op Däitsch a Franséisch an der Grondschoul generaliséiert. Mat « ALPHA – zesumme wuessen » kritt d’lëtzebuergesch Schoul e gesetzleche Kader, deen et erméiglecht, besser op d’sproochlech Diversitéit vun de Schülerinnen a Schüler anzegoen an Ongläichheeten direkt vum Ufank vun der Schoulzäit un ze reduzéieren.
Zënter 2022 huet de Pilotprojet kloer Resultater gewisen: D'Schülerinnen a Schüler fannen éischter den Zougang zum Schrëftsproocherwerb, si gewannen u Selbstvertrauen a Motivatioun a profitéiere vun engem méi rouege Klasseklima. D’Équipes pédagogiques observéieren eng méi grouss Bedeelegung vun den Elteren an der Schoulbegleedung an eng méi fléissend Entwécklung an de Léierprozesser vun de Schülerinnen a Schüler. D’Regionaldirektiounen, d’Uni Lëtzebuerg an de Wëssenschaftleche Rot confirméieren dës Erkenntnisser.
Mat der Generaliséierung vun « ALPHA – zesumme wuessen » wäerten de SCRIPT, d’Generaldirektioun vun der Grondschoul an den IFEN, d’Grondschoulen och weiderhi begleeden, andeems si adaptéiert didaktescht Material entwéckelen, spezifesch Formatiounen ubidden an eng wëssenschaftlech fundéiert Ënnerstëtzung bei der Ëmsetzung assuréieren.
Dësen Entwécklungsschrëtt ass Deel vun engem méi breede Verännerungsprozess: d'offiziell Unhuelung vum neie Léierplang fir d’Grondschoul an dem Start vun enger nationaler Konsultatioun am Enseignement secondaire, wou d’Kontinuitéit vun « ALPHA – zesumme wuessen » eng wichteg Roll spille wäert.
« ALPHA – zesumme wuessen » erméiglecht all Kand, an enger méisproocheger, gerechter a wäertschätzender Ëmwelt ze wuessen, virunzekommen a säi Potenzial voll z’entwéckelen.
De SCRIPT an d’Generaldirektioun vun der Grondschoul soen e ganz häerzleche Merci un d’Léierpersonal vun de Pilotschoulen, un d’Regionaldirektiounen, un d’bedeelegt Gemengenautoritéiten an un all déi Persounen an Institutiounen, déi dozou bäigedroen hunn, dës wichteg Etapp z’erreechen.
Op dëser Säit fannt Dir, an aller Transparenz, all Informatiounen zum Pilotprojet an zu senger Entwécklung zënter sengem Start am Joer 2022.