Op den Inhalt sprangen

Kontakt


Froen oder Virschléi?

Schreift eis einfach eng E-Mail un alpha@script.lu

Kontakt

SCRIPT
33, Rives de Clausen
L-2165 Luxembourg


© 2025 SCRIPT - alpha.script.lu

E staarke Start an d’Schoul – an enger Sprooch, an där d’Kand sech wuel fillt

E staarke Start an d’Schoul – an enger Sprooch, an där d’Kand sech wuel fillt

Loading...

Wat ass “ALPHA – zesumme wuessen”?

„ALPHA – zesumme wuessen“ ass eng wichteg Reform am Schoulsystem zu Lëtzebuerg. Si bitt de  Schüler d’Méiglechkeet, am Cycle 2 liesen, schreiwen a rechnen an där Sprooch ze léieren, déi si am beschte verstinn: Däitsch oder Franséisch, ofhängeg vun der Familljen- a Sproochesituatioun.

“ALPHA – zesumme wuessen” ass eng Chance fir vill Kanner zu Lëtzebuerg.

Eng Chance fir hir Zukunft mat engem gudde Start an de Schoulparcours.

Loading...

Timeline Slider Image - 22

Mäerz 2022

Offiziell Ukënnegung vum Pilotprojet

Timeline Slider Image - 23

Zanter September 2022

Lancement vum Projet a 4  Pilotschoulen a kontinuéierlech Begleedung an Evaluatioun

Timeline Slider Image - 25

Juli 2025

Depot vum Projet de Loi am Regierungsrot

Timeline Slider Image - 26

Schouljoer 2026/2027

Start vum “ALPHA – zesumme wuessen” am Cycle 1.2 an alle Schoulen

Timeline Slider Image - 27

Wanter a Fréijoer 2027

Bilansgespréicher mat den Elteren & Decisioune fir d’Alphabetiséierungssprooch (Cycle 1.2)

Timeline Slider Image - 31

2027-2031

Progressiv Aféierung Joer fir Joer an den anere Cycle vun der Grondschoul

Timeline Slider Image - 32

Bis 2032/2033

National Ëmsetzung ofgeschloss

Wéi funktionéiert ALPHA?

Hoes does it work - Illu gemeinsamKlass

Gemeinsam Klass

Loading...

Hoes does it work - Illu grupp alpha

Grupp „ALPHA DE“

Loading...

Hoes does it work - Illu grupp alpha fr

Grupp „ALPHA FR“

Loading...

Hoes does it work - Illu cycle4

Cycle 4

Loading...

Hoes does it work - Illu mathe

Mathé

Loading...

Hoes does it work - Illu lux

Lëtzebuergesch

Loading...

Hoes does it work - Illu zweesprocheg

Zweesproocheg Léiermaterialien

Loading...

Hoes does it work - Illu choixelteren

De Choix vun den Elteren

Loading...

Hoes does it work - Illu evaluation

Evaluatioun

Loading...

Erfarungen

Loading...


Loading...

Loading...


Loading...

Loading...


Loading...

Loading...


Loading...

Loading...


Loading...

Loading...


Loading...

Loading...


Loading...

Loading...


Loading...

Loading...


Loading...

FAQs - Heefeg gestallte Froen

Wat bedeit „Alphabetiséierung“?
×

D’Alphabetiséierung ass de Prozess, bei deem ee liesen a schreiwe léiert, Kompetenzen, déi et enger Persoun erméiglechen, geschriwwen Texter ze verstoen a selwer Texter ze schreiwen. Wann e Kand an enger Sprooch alphabetiséiert gëtt, déi et gutt versteet, ass dat eng zolidd Basis fir en zukünftegt Léieren, fir d’Integratioun a fir den Erfolleg an der Schoul. D’Alphabetiséierung ënnerstëtzt och d’Gedankenentwécklung an déi verbal Kommunikatioun an der Gesellschaft. Et däerf een d’Alphabetiséierung awer net mam Léiere vun enger Sprooch verwiesselen.

Firwat ginn et zwou Variante fir d’Alphabetiséierung (op Franséisch oder op Däitsch)?
×

Déi sproochlech Diversitéit zu Lëtzebuerg verlaangt, datt ee méi geziilt op déi ënnerschiddlech Sproochekenntnisser vun de Kanner ageet, fir datt all d’Kanner déi selwecht Chancen hunn. D’Zil vun der Reform ass, vun Ufank un d’Léiere fir all d’Kanner accessibel ze maachen an si ze motivéieren.

Ginn nëmme franséischsproocheg Kanner op Franséisch alphabetiséiert?
×

All Kand kann op Franséisch alphabetiséiert ginn, wann d’Franséischt am Alldag vum Kand genuch present ass, fir eng effikass Léiersprooch ze sinn. Net d’Nationalitéit oder d'Sprooch vun den Elteren ass wichteg, mee de Sproocheprofil vum Kand. D’Orientatioun geschitt am Dialog tëscht den Elteren an den Enseignanten, a Funktioun vun de sproochleche Kompetenze vum Kand an de Sproochen, déi an der Famill geschwat ginn. D’Recommandatioune vum Enseignant hëllefen de Eltere bei hirer Entscheedung.

Gi Kanner, déi doheem Lëtzebuergesch schwätzen, benoodelegt?
×

Nee, déi lëtzebuergeschsproocheg Kanner ginn duerch d’Reform net benodeelegt. Hire Schoulparcours bleift dee selwechten. Si kéinten am Géigendeel souguer vun engem méi liewege Klassenalldag profitéieren. Hir Klassekomeroden, déi sech am Däitschen nach net sou wuel fillen, si meeschtens an deenen anere Fächer ganz motivéiert, an dat kann d’Zesummeschaffen a -liewen an der Klass stäerken.

Wéi ginn d’Eltere bei hirer Decisioun ënnerstëtzt?
×

D’Eltere gi wärend dem ganze Prozess enk begleet, an dat unhand vun Informatiounsversammlungen a perséinleche Gespréicher mat den Enseignanten, bei Geleeënheet vun de Bilansgespréicher. D’Enseignanten hëllefen den Elteren, déi richteg Sprooch fir d’Alphabetiséierung ze wielen, an dat opgrond vun de reelle Sproochkenntnesser vum Kand, a net opgrond vu perséinlechen oder soziale Preferenzen.

Kann een d’Sprooch vun der Alphabetiséierung duerno nach wiesselen?
×

Am Prinzip ass den Elteren hir Decisioun iwwert d’Alphabetiséierungssprooch definitiv. An e puer Fäll, zum Beispill bei Kanner mat spezifesche Besoinen (EBS) oder bei Kanner, déi rezent an d’Land komm sinn, misst eventuell méi eng flexibel Léisung fonnt ginn. All Demande fir eng Ëmorientéierung gëtt individuell gekuckt, a mat der Regionaldirektioun ofgeschwat. Wann néideg, geschitt dat op Basis vun engem Dossier, dee vun der Inklusiounskommissioun (CI) validéiert gouf.

Gëtt et speziell Reegelunge fir Kanner mat spezifesche Besoinen (EBS)?
×

All Fall gëtt eenzel analyséiert, mat Begleedung an Ënnerstëtzung vun den ESEB-Equippen.

Léiere Kanner, déi op Franséisch alphabetiséiert ginn, trotzdeem nach Däitsch?
×

Jo. All d’Kanner léiere weiderhin déi dräi offiziell Sproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch), egal, a wéi enger Sprooch si alphabetiséiert ginn. An den „ALPHA FR“-Gruppe gëtt vum Cycle 2 un Däitsch mëndlech geléiert. Vum Cycle 3 u kritt dës Grupp méi Däitschstonnen, fir datt e gutt Gläichgewiicht tëscht béide Sprooche geschaf gëtt. Am Cycle 4 ass d’Unzuel vun de Stonnen op Däitsch a Franséisch déi selwecht.

Firwat ass d’Unzuel vun de Franséisch- an Däitschstonnen am Cycle 4 déi selwecht, obwuel d’Kanner an ënnerschiddleche Sproochen alphabetiséiert goufen?
×

Vum Cycle 3 u kréie béid Gruppen zousätzleche Support an där Sprooch, déi net fir d’Alphabetiséierung gewielt gouf. D’Kanner aus dem „ALPHA FR“-Grupp maache méi Däitsch, an d’Kanner aus dem „ALPHA DE“-Grupp méi Franséisch. Am Cycle 4 ginn et keng ALPHA-Gruppe méi, an d’Kanner léieren an alle Fächer zesummen. De Cycle 4 soll hëllefen, d’Kompetenze vun de Kanner an deenen zwou Sprooche weider ze stäerken.

Firwat gi keng 2 separat Sektiounen (Franséisch an Däitsch) geschaf, mee alles am Cycle 4 erëm zesummegefouert?
×

D’Zil vun der Reform ass et, d’Kanner optimal op d’Realitéit zu Lëtzebuerg an op den Iwwergang an de Secondaire virzebereeden. Fir dat ze maachen, ass eng zolidd Basis an deenen zwou Sproochen, Däitsch a Franséisch, wichteg. Et geet net drëms, zwou separat Sektiounen opzebauen, mee d’Alphabetiséierung an enger vertrauter Sprooch fir d’Kand unzebidden a gläichzäiteg d’Kompetenzen an der zweeter Sprooch opzebauen. Wéi den Numm vun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ et scho seet, geet et drëms, d’Méiglechkeete vun der Méisproochegkeet ze erhalen an d’Diversitéit an de Klassen ze fërderen. D’Kanner bleiwen esou zesummen an hirer Klass an treffen sech fir Fächer wéi Däitsch, Franséisch oder eventuell Mathematik an hirer jeeweileger ALPHA-Grupp. Dës Organisatioun fërdert de gemeinsame Schoulalldag a stäerkt de sozialen Zesummenhalt vun Ufank un.

Ass et realistesch, datt all Kand um Enn vum Cycle 4 de selwechten Niveau am Franséischen an am Däitschen huet?
×

D’Zil vun der Reform ass et, datt all Kand um Enn vum Cycle 4 béid Sproochen, Franséisch an Däitsch, funktionell a gläich gutt beherrscht. Et geet virun allem drëms, déi grouss Ënnerscheeder tëscht de Sproochkompetenzen ze reduzéieren. Dat heescht net, datt all Kand genee dee selwechten Niveau an deenen zwou Sprooche muss hunn, – mee all Kand soll dono gutt op säi schoulesche Parcours am Lycée virbereet sinn, egal a wéi enger Sprooch et alphabetiséiert gouf.

Wat fir eng Roll spillt d’Lëtzebuergescht?
×

D’Lëtzebuergescht bleift eng wichteg Sprooch am Bildungssystem. Et ass d’Sprooch vum d’Zesummeliewen an der Klass, mee och  a ville Beräicher d’Léiersprooch (z. B. Wëssenschaften, Konscht, Sport, Vie et Société) souwéi Integratiounssprooch an der Schoul. Et ass eng gemeinsam Sprooch fir all d’Schüler, egal wéi hire Sproochecours ausgesäit. Och baussent der Schoul ass d’Lëtzebuergescht eng wichteg Sprooch fir déi sozial a kulturell Integratioun am Land a gëtt dofir wärend der ganzer Schoulzäit verstäerkt gefërdert, onofhängeg vun der Alphabetiséierungssprooch.

Wéi ginn d’Klassen an d’ALPHA-Gruppen organiséiert?
×

D’Diversitéit vun de Klasse bleift e wichtege Prinzip. D’Kanner ginn zesummen an eng Klass, egal a wéi enger Sprooch si alphabetiséiert ginn. Zu bestëmmte Momenter ginn si awer an hir ALPHA-Gruppen, wou si liesen a schreiwe léieren an och léieren, hir Sproochkompetenzen auszebauen. D’Mathé kann esouwuel an der Klass wéi an ALPHA-Gruppen enseignéiert ginn.

Gëtt et eng Mindestzuel u Kanner, fir eng ALPHA-Grupp ze maachen?
×

Nee, et gëtt keng Mindestzuel. Och wann et just ee Kand wier, huet dëst d'Recht, an der gewielter Sprooch alphabetiséiert ze ginn. Aus pedagogesche Grënn kann een d’Kanner aus verschiddene Klassen oder Cyclen zesummeleeën – dat ass awer keng Obligatioun. Fir de Fall, wou ee just wéineg Kanner (fir eng Alphabetiséiereung an enger Sprooch huet), kann een och e klengen ALPHA-Grupp maachen. Aus organisatoreschen a pedagogesche Grënn soll dat awer d’Ausnam bleiwen.

A wéi enger Sprooch gëtt d’Mathé enseignéiert?
×

Am Cycle 2 a 3 gëtt d’Mathé an där Sprooch enseignéiert, an där d’Kand alphabetiséiert gouf, d. h. op Däitsch oder op Franséisch. Ofhängeg vum Schoulmodell geschitt dat:

  • entweder an den ALPHA-Gruppen (homogeen Sproochegruppen),

  • oder an der Klass selwer, ofwiesselnd op Däitsch an op Franséisch.

Déi zweet Optioun gëtt am Moment am Kader vum Pilotprojet getest an erméiglecht et, d’Diversitéit vun der Klass bäizebehalen. Vum Cycle 4 u gëtt d’Mathé systematesch an der Klass enseignéiert, a béide Sproochen, Däitsch a Franséisch. D’Material „Mathi“, dat vum SCRIPT ausgeschafft gouf, gëtt et an zwou gläichwäertege Versiounen: op Däitsch an op Franséisch, fir de Besoine vu béiden ALPHA-Gruppe gerecht ze ginn.

A wéi enger Sprooch ginn all déi aner Fächer enseignéiert?
×

An allen anere Fächer, wéi Sciencen, Natur- an Humanwëssenschaften, Vie et Société, Beweegung a Sport, Psychomotorik, Gesondheet, Konscht, Musek, Kultur, Kreativitéit an Éveil à l’esthétique kënnen déi dräi offiziell Sproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch) als Unterrechtssproch (fir déi mëndlech Kommunikatioun) benotzt ginn. Dës Flexibilitéit erlaabt et den Enseignanten, sech un d’Besoinen an déi sproochlech Situatioun vun de Kanner unzepassen.

Wat geschitt, wann e Kand d’Schoul oder d’Gemeng wiesselt?
×

D’Alphabetiséierungssprooch, déi am Cycle 1 gewielt gouf, bleift bestoen. D’Kand féiert säi schoulesche Parcours an där selwechter Sprooch virun. D’Reform garantéiert d’Recht op e kohärente schoulesche Parcours an enger vu béide Sproochen, an dat am ganze Land. Wann d’Kand an eng aner Schoul wiesselt a vläicht esouguer an eng aner Gemeng plënnert, suergt d’Regionaldirektioun zesumme mat der neier Schoul dofir, dass d’Kand an eng entspriechend ALPHA-Grupp integréiert gëtt.