
Am Kader vum Parcours „ALPHA - zesumme wuessen“ weist dës Ausstellung pädagogesch Praktiken, déi d‘Alphabetiséierung am Alldag ënnerstëtzen, andeems si effektiv a kreativ Usätz an der Grondschoulbildung ervirhiewen. Liesen a Schreiwe léieren ass e Schlësselelement am schouleschen Alldag. D'Ausstellung bitt en Abléck an d'Usätz, déi an de Pilotklasse vum Projet „ALPHA - zesumme wuessen“ ëmgesat ginn, a gläichzäiteg eng Geleeënheet, sech mat Enseignanten an Experten auszetauschen, déi mat dëse Praktike schaffen. Hei kënnt Dir Iech umellen.