
De 4. a 5. Juni 2026 ass de wëssenschaftleche Rot vun der Reform „ALPHA – zesumme wuessen“ fir seng véiert Aarbechtssëtzung zesummekomm.
Den éischten Dag stoung am Zeeche vum Austausch mat der Koordinatiounsgrupp an der Implementatiounsgrupp. Donieft hunn déi verschidden Aarbechtsgruppen den aktuelle Stand vun der Entwécklung vum neien didaktesche Material fir den Däitsch- a Franséischunterrecht souwéi fir de Mathematikunterrecht presentéiert. D’Membere vum wëssenschaftleche Rot konnten sech dobäi e Bild vun de Fortschrëtter maachen a fachlech Réckmeldunge fir déi weider Entwécklung ginn.
Den zweeten Dag huet de wëssenschaftleche Rot de Cycle 1 vun der Grondschoul zu Uewerkuer besicht. Op der Plaz kruten d’Participanten en Abléck an d’Ëmsetzung vun den zentrale Bestanddeeler vun der Reform. Si konnten observéieren, wéi d’phonologesch Bewosstheet mat Hëllef vum Programm „Sila“ gefërdert gëtt, a wéi d’Schülerinnen an d’Schüler mat Aktivitéiten aus der „Sproochekëscht“ op hir jeeweileg Alphabetiséierungssprooch virbereet ginn.
E weideren Austausch mat der Koordinatiounsgrupp huet de Besuch ofgeschloss an d’Geleeënheet gebueden, d’Observatiounen aus der Praxis mat den aktuellen Entwécklungsaarbechte vun der Reform a Verbindung ze setzen.
Dat véiert Treffen huet nach eng Kéier d’Bedeitung vum kontinuéierlechen Dialog tëscht wëssenschaftlecher Begleedung, Koordinatioun a schoulescher Praxis fir déi erfollegräich Weiderentwécklung vun der Reform ënnerstrach.