Pilotschoulen Pilotschoulen

Grondschoul Déifferdeng – Schoul Uewerkuer

D'„Schoul Uewerkuer″ ass eng vun de 5 Grondschoule vun der Gemeng Déifferdeng. 452 Schüler sinn an 31 Klassen ageschriwwe fir d'Schouljoer 2023/2024, dovunner 10 Klassen am Cycle 1 an 21 Klassen an de Cyclen 2-4.

An enger éischter Phase ass de Pilotprojet fir d'Rentrée 2022/2023 am Cycle 1 ugelaf. Säit der Rentrée 2023/2024 geet de Projet weider an 2 Klasse vum éischte Joer vum Cycle 2 mat ingesamt 28 Schüler, dovun gi 14 Schüler op Franséisch a 14 Schüler op Däitsch alphabetiséiert.

Esou wéi de Plan d'études et virgesäit, gëtt d'Alphabetiséierungssprooch wärend 9 Unterrechtsstonnen an der Woch ënnerriicht an déi zweet Sprooch wärend enger Unterrechtsstonn mëndlech. D'Mathematik gëtt an engem gemëschte Grupp ënnerriicht an d'Unterrechtssprooch an de sougenannten Niewefächer ass Lëtzebuergesch.

 

 

2023/2024
Éischt Joer Cycle 2
FR : 14 Schüler
ALL: 14 Schüler

Grondschoul Diddeleng - Schoul Deich

D'„Schoul Deich″ ass eng vun de sechs Grondschoulen an der Gemeng Diddeleng. Fir den Ufank vum Schouljoer 2023/2024 sinn 304 Kanner an 20 Klassen ageschriwwen (6 Klassen Cycle 1 a 14 Klassen Cyclen 2-4).

Fir d'Rentrée 2022/2023 gouf de Pilotprojet vun der franséischer Alphabetiséierung an der Schoul lancéiert, dëst an enger éischter Phas am Cycle 1. Säit der Rentrée 2023/2024 geet de Projet an zwou Klasse vum éischte Joer vum Cycle 2 weider. Et ginn zwou gemëschte Klassen an am Ganzen huelen 35 Schüler aus dem éischte Joer vum Cycle 2 um Projet deel, dovunner ginn 12 Schüler op Franséisch an 23 Schüler op Däitsch alphabetiséiert.

Esou wéi de Plan d'études et fir Schüler vum Cycle 2 virgesäit, gëtt d'Alphabetiséierungssprooch wärend 9 Unterrechtsstonnen an der Woch ënnerriicht an déi zweet Sprooch wärend enger Unterrechtsstonn mëndlech. D'Mathematik gëtt an der Alphabetiséierungssprooch enseignéiert an an de sougenannten Niewefächer ass d'Unterrechtssprooch Lëtzebuergesch.
 

 

2023/2024
Éischt Joer Cycle 2
FR : 12 Schüler
ALL : 23 Schüler

Grondschoul Fiels - Fielser Schoul

Am Schouljoer 2023/2024 zielt d'„Fielser Schoul" 183 Schüler, déi vu 27 Enseignanten encadréiert ginn. (4 Klassen Cycle 1 an 10 Klassen Cycle 2-4).

Zanter dem Ufank vum Schouljoer 2022 gouf de Pilotprojet an enger éischter Phase am Cycle 1 lancéiert. Säit der Rentrée am September 2023 geet de Projet an zwou anere Klassen vum éischte Joer vum Cycle 2 weider. Am éischte Joer vum Cycle 2 sinn am Ganze 26 Schüler ageschriwwe. Dovunner ginn 14 Schüler op Franséisch an 12 Schüler op Däitsch alphabetiséiert.

Esou wéi de Plan d'études et virgesäit, gëtt d'Alphabetiséierungssprooch wärend 9 Unterrechtsstonnen an der Woch ënnerriicht an déi zweet Sprooch wärend enger Unterrechtsstonn mëndlech. D'Mathematik gëtt an der Alphabetiséierungssprooch enseignéiert an an de sougenannten Niewefächer ass d'Unterrechtssprooch Lëtzebuergesch.

 

2023/2024
Éischt Joer Cycle 2
FR : 14 Schüler
ALL : 12 Schüler

Grondschoul Schëffleng - Nelly Stein Schoul

D'„Nelly Stein Schoul″ ass eng vun den 3 Grondschoule vun der Gemeng Schëffleng. Am Ufank vum Schouljoer 2023/2024 waren 251 Schüler a 17 Klassen ageschriwwen (5 Klassen Cycle 1 a jeeweils 2 Klassen an de Cyclen 2, 3 a 4).

Fir d'Rentrée 2022/2023 huet de Pilotprojet vun der Alphabetiséierung op Franséisch souwuel am Cycle 1 wéi och direkt am éischte Joer vum Cycle 2 ugefaangen. E Grupp vun 28 Schüler vum éischte Joer vum Cycle 2 ass mat der Alphabetiséierung gestart, dovunner 12 Schüler op Franséisch a 16 Schüler op Däitsch. 

Säit der Rentrée 2023/2024, gëtt am éischte Joer vum Cycle 1 e Grupp vu 28 Schüler alphabetiséiert, dovunner 12 op Franséisch a 16 op Däitsch. Am zweete Joer vum Cycle 2 sinn et 14 Schüler, déi weiderhin op Franséisch liesen a schreiwe léieren a 16 op Däitsch.

Esou wéi de Plan d'études et virgesäit, gëtt d'Alphabetiséierungssprooch wärend 9 Unterrechtsstonnen an der Woch ënnerriicht an déi zweet Sprooch wärend enger Unterrechtsstonn mëndlech. D'Mathematik gëtt an der Alphabetiséierungssprooch enseignéiert an an de sougenannten Niewefächer ass d'Unterrechtssprooch Lëtzebuergesch.

2022/2023
Éischt Joer Cycle 2
FR : 12 Schüler
ALL : 16 Schüler

2023/2024
Éischt Joer Cycle 2
FR : 12 Schüler
ALL : 16 Schüler

2023/2024
Zweet Joer Cycle 2
FR : 14 Schüler
ALL : 16 Schüler

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu