zesumme wuessen

Presentatioun vum Pilotprojet

Zanter der Schoulrentrée 2022/2023 huele véier Grondschoulen um Projet Alphabetiséierung „zesumme wuessen!” deel: d'Schoul Uewerkuer aus der Gemeng Déifferdéng, d'Schoul Deich vun Diddeleng, d'Fielser Schoul an d'Nelly Stein Schoul vu Schëffleng.

De Pilotprojet ass vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, zesumme mat de Gemengenautoritéiten, de Regionaldirektiounen an de concernéierte Schoule lancéiert ginn. D'Enseignante ënnerstëtzen d'Eltere fir de beschte Choix fir hiert Kand ze treffen: entweder eng Alphabetiséierung op Däitsch oder op Franséisch. 

> Interviewen

Dir sidd Enseignant?

Da connectéiert Iech iwwert de Site vum Enseignement fondamental a consultéiert d'Agenda mat de Formatiounen an den Hospitatiounen, déi ronderëm de Projet Alphabetiséierung „zesumme wuessen!” organiséiert ginn.

Portail de l'Enseignement

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu