Wëssenschaftlech Begleedung Wëssenschaftlech Begleedung

Wëssenschaftlechte Rot

De wëssenschaftleche Rot, deen am Kader vum Pilotprojet gegrënnt gouf, huet als Missioun, säin Avis iwwert d'Entwécklung, d'Ëmsetzung an de Progrès vum Pilotprojet ofzeginn.

De wëssenschaftlechen Rot setzt sech zesummen aus:

Evaluatioun duerch de Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET)

De Pilotprojet „zesumme wuessen!″ gëtt vum LUCET (Luxembourg Centre for Educational Testing) am Laf vun deenen nächste Joren am Kader vum nationale Schoulmonitoring, de längsschnëttlech ugeluechten „Épreuves Standardisées“ (kuerz ÉpStan), wëssenschaftlech begleet. Dofir ginn d’ÉpStan och an deenen nächste Jore kontinuéierlech ausgebaut.
An de franséische Pilotklassen am éischte Joer vum Cycle 2 ginn, genau wéi an deenen Klassen, déi ob Däitsch alphabetiséiert ginn, Tester zum Lëtzebuergesch Héierverstoen an zur Mathematik duerchgefouert. Well an de franséische Pilotklassen den Accent net um Däitschen, mee um Franséische läit, ginn zur Erfaassung vun de Virleeferfäegkeete vun der Alphabetiséierung op Franséisch folgend zwee zousätzlech ÉpStan-Tester duerchgefouert:

  • compréhension de l'oral en français 
  • premiers pas vers l'écrit

Esou wéi fir déi aner ÉpStan-Tester, ginn dës konzeptuell änlech Tester vu Fuerscher an Enseignantën zesummen an Aarbechtsgruppen entwéckelt.
Nieft de Kompetenztester, wäerten d’Schüler aus dem Pilotprojet och déi existéierend ÉpStan-Questionnairen zur Motivatioun, fir op Franséisch ze léieren, ausfëllen. D’Elterequestionnairen, wéi et se haut gëtt, ginn net just duerchgefouert, mee och erweidert (zum Beispill bezüglech der Aart a Weis, wéi Elteren hir sproochlech Méiglechkeeten aschätzen, hir Kanner an hirem schoulesche Léieren ze ënnerstëtzen). 
Nom erfollegräichen éischte Pretest am éischte Joer vum Cycle 2 zu Schëffleng am Hierscht vum Schouljoer 2022/23, gi säit dem Schouljoer 2023/24 all déi franséisch Pilotklassen unhand vun deenen neie validéierte Kompetenztester evaluéiert. Baséierend op dësen duerchgefouerten Tester sinn am Fréijoer/Summer 2024 preliminär Resultater zu de Kanner hire Kompetenzen an hirer Motivatioun ze erwaarden a ginn an engem éischte Rapport verëffentlecht. Am Laf vun deenen nächste Jore wäerten zousätzlech längsschnëttlech Resultater vun de Schüler verëffentlecht ginn, déi nei Erkenntnisser zum Pilotprojet liwweren.  

Wéi och bei der Begleedung vun den internationalen ëffentleche Schoulen, ass de Verglach vu Kompetenztester an ënnerschiddleche Sprooche psychomeetresch limitéiert, well et och am Pilotprojet verhältnisméisseg kleng Fallzuele sinn. Aussoen zur Léiermotivatioun an Aschätzunge vun den Eltere sinn awer direkt vergläichbar.

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu