Enseignanten Enseignanten

Formatiounen a Hospitatiounen

Den Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) bitt den Enseignantë Formatiounen un, déi hire Besoinen entspriechen. Am Schouljoer 2022/2023 waren d'Formatioune fir d'Enseignanten op, déi um Projet deelhuelen. 

Vun der Schoulrentrée 2023/2024 u kënne sech awer all d'Enseignanten an d'Formatiounen an de Parcours aschreiwen, deen ënnert dem Format Blended learning ugebueden gëtt: Basis-Modullen, Choix u Formatiounen, Regroupements entre pairs an Hospitatiounen.

Déi komplett Offer vun de Formatiounen am Kader vum Projet Alphabetiséierung „zesumme wuessen!”  fannt dir um Site vum Enseignement fondamental, wann dir op de Logo dréckt.

Portail de l'Education fondamentale

 

 

Hospitatioune ginn an de Klassen vun de Pilotschoulen an den ëffentlechen internationale Schoule proposéiert a bidden den Enseignanten, déi um Projet interesséiert sinn, vill Méiglechkeeten, fir sech auszetauschen a vuneneen ze léieren.

Hospitation: Enseigner la lecture en section francophone

D1-c-08-Hosp

Hospitation: Visite de l'EIDE dans le cadre du projet : "zesummen wuessen! Projet Alphabetiséirung"

D1-c-09-Hosp

Hospitation: L'enseignement de l'alphabétisation en français au sein de l'EIMLB

D1-c-10-Hosp

Hospitation: Alphabétisation en langue française à Schifflange

D1-c-11-Hosp

Hospitation: Projet pilote "zesummen wuessen! Projet Alphabetiséierung"

D1-c-33-Hosp

Accompagnement vun de Pilotschoulen duerch déi international Schoulen

D'Enseignanten, déi um Pilotprojet deelhuelen, profitéiere vun enger zousätzlecher Ënnerstëtzung an hire Klassen: Enseignanten aus den ëffentlechen internationale Schoulen, déi Expert an der Matière sinn, begleeden, ënnerstëtzen a guidéieren si.

école internationale Mondorf-les-bainsInternational School Lënster Lycéeécole internationale Differdange & Esch-sur-Alzette

Reseautage

D'Enseignanten aus de Schoule vum Pilotprojet treffe sech eemol de Mount zesumme mat de jeeweilege spezialiséierten Enseignantë fir Schoulentwécklung (instituteurs spécialisés en développement scolaire, I-DS) an dem SCRIPT fir sech auszetauschen, dat souwuel iwwert d’Organisatioun, wéi och iwwert d’Schoulmaterial fir hir Klassen.

19/04/24

Oberkorn

01/03/24

Schifflange

26/01/24

Larochette

15/12/23

Dudelange

10/11/23

Oberkorn

13/10/23

Schifflange

07/07/23

Schifflange

16/06/23

Formation Charlotte van den Hove

Walferdange

09/06/23

Dudelange

12/05/23

Larochette

28/04/23

Formation Charlotte van den Hove

Walferdange

21/04/23

Oberkorn

24/03/23

Formation Charlotte van den Hove

Walferdange

28/02/23

Analyse de manuels français

Schifflange

03/02/23

Dudelange

13/01/23

Formation Charlotte van den Hove

Belval

09/12/22

Larochette

11/11/22

Oberkorn

07/10/22

Schifflange

Austauschtreffen Cycle 1

En Deel vun den Enseignanten aus dem Cycle 1 aus de Schoule vum Pilotprojet, zesumme mat de jeeweilege spezialiséierten Enseignantë fir Schoulentwécklung (instituteurs spécialisés en développement scolaire, I-DS) an dem SCRIPT, treffe sech zweemol am Trimester, fir sech auszetauschen, dat souwuel iwwert d’Organisatioun wéi och iwwert d’Sproochaktivitéiten an d’Orientatioun vun de Schüler um Enn vum Cycle 1.

20/06/23

IFEN Walferdange

02/05/23

IFEN Walferdange

24/01/23

IFEN Walferdange

22/11/22

IFEN Walferdange

Aarbechtsgruppen

En Deel vun den Enseignanten, déi um Pilotprojet deelhuelen, treffe sech reegelméisseg an engem Aarbechtsgrupp an hirer Schoul. All Schoul ka sech un d’spezialiséiert Enseignantë fir Schoulentwécklung (instituteurs spécialisés en développement scolaire, I-DS) wenden, fir si wärend dem Aarbechtsgrupp ze begleeden a vun hirer Expertise ze profitéieren. Ausserdeem ginn d'Aarbechtsgruppe vun hirer jeeweileger Regionaldirektioun ënnerstëtzt. 

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu