Konzept Konzept

De Pilotprojet gouf 2022 lancéiert mam Zil: 

  • adequat Äntwerten op déi sozial Diversitéit vum Land an déi ganz variéiert sproochlech Hierkonft vun de Kanner ze bidden (2/3 vun de Kanner schwätzen doheem net Lëtzebuergesch als éischt Sprooch);
  • sozial Kohäsioun ze erhalen;
  • Ongläichheeten am nationale Schoulsystem unzegoen;
  • Schoulerfolleg ze fërderen;
  • de Kanner d'Méiglechkeet ze ginn, Liesen a Schreiwen ze léieren an enger Sprooch, déi hir Elteren och schwätzen an/oder verstinn; 
  • déi néideg Sproochkompetenzen entwéckelen, fir schoulesch Inhalter zougänglech ze maachen.
     
Filmer
Interviewen
FAQ
Wat heescht d'Wuert „Alphabetiséierung"?

Alphabetiséierung heescht Liesen a Schreiwe léieren.

Op wéi enger Sprooch gëtt d’Mathematik enseignéiert? 

Am Pilotprojet kënnen d’Schoulen decidéieren, ob si d’Schüler an 2 Gruppen (eng däitsch an eng franséisch) opdeelen oder ob si an engem gemëschte Grupp Mathematik ënnerriichten, wou souwuel Franséisch wéi Däitsch geschwat gëtt.

Wéi sollen d’Eltere sech entscheeden, wa fir hiert Kand souwuel Däitsch wéi Franséisch als Alphabetiséierungssprooch a Fro kënnt?

Am Elteregespréich beroden d’Enseignanten d’Elteren, fir dëse Choix ze treffen. Am Virfeld hunn d’Enseignanten an hire Cycle-Versammlunge scho Récksprooch mat der équipe pédagogique geholl a fir all Schüler déi bescht Optioun festgehal.

Ass et fir lëtzebuergesch Kanner net vläicht eng Chance, se op Franséisch ze alphabetiséieren, fir dat si sech spéider an där Sprooch méi wuel fillen an dowéinst besser ofschneiden (am Lycée zum Beispill)?

All Schüler soll an där Sprooch alphabetiséiert ginn, déi senge sproochleche Kompetenzen entsprécht. Schwätzt d’Kand just Lëtzebuergesch, léiert et am beschten Liesen a Schreiwen op Däitsch. Kommen nach aner Sproochen derbäi, esou beroden d’Enseignanten d’Elteren am Bilansgespréich, nodeems si de Fall an der équipe pédagogique beschwat hunn. Bei der Alphabetiséierung geet et drëms, dem Schüler e méiglechst gudden an einfache Start ze erméiglechen, fir Liesen a Schreiwen ze léieren. 

Kann een d’Alphabetiséierungssprooch am Laf vum Schoulparcours wiesselen?

Nee, dat geet leider net, well d'Alphabetiséierung e Prozess ass, deen een en cours de route net soll änneren.

 Wat geschitt no der Grondschoul?

D’Schüler ginn hire Kompetenzen no an den Enseignement Secondaire orientéiert, wou et ënnert anerem och dës spezifesch Offeren an de Sproochen ginn:

Däitsch als Friemsprooch: „Allemand langue étrangère – ALLET“
Dës Klasse si fir Schüler vu 7e bis 5e, déi ganz gutt Kenntnesser am Franséischen an an der Mathematik hunn, mee net esou gutt sinn am Däitschen. Däitsch gëtt hei verstäerkt enseignéiert.

„FrançaisPLUS“:
Dës Klasse si fir Schüler mat engem gudden allgemengen Niveau, déi awer Schwächten am Franséischen hunn. Op 7e, 6e a 5e ginn et hei zousätzlech Stonnen am Franséischen.

„Classes à langue véhiculaire française – LVF“: An dëse Klasse gëtt all Fach op Franséisch enseignéiert. Däitsch gëtt um nämmlechten Niveau enseignéiert wéi an de reguläre Klassen.

„Classes à régime linguistique spécifique“: Dës iewescht Klasse vum Enseignement secondaire général adresséieren sech u Schüler, déi d’Franséischt beherrschen, awer net déi néideg Kompetenzen am Däitschen hunn.

Sinn d’Kanner, déi op Franséisch alphabetiséiert ginn, am Lycée net benodeelegt (well si manner Däitsch gemaach hunn)?

Nee, et ass wichteg, dass duerch de Projet kee Schüler benodeelegt gëtt. D’Schüler ginn hire Kompetenzen no an den Enseignement secondaire orientéiert. D'Schüler, déi op Franséisch alphabetiséiert ginn, hunn am Laf vum Cycle 3 méi Däitschunterrecht wéi di aner, soudatt am Prinzip de selwechte Sproocheniveau viséiert gëtt. 

Léieren d’Schüler, déi op Franséisch alphabetiséiert ginn, nach Däitsch?

Jo, am Cycle 2 kënnt déi däitsch Sprooch direkt mëndlech derbäi. Am Cycle 3 hunn d’Schüler da méi Unterrechtsstonnen Däitsch wéi Franséisch. Am Cycle 4 ass d’Stonnenzuel vum Däitsch- a Franséischunterrecht identesch.

Wat ass d’Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch?

D’Lëtzebuerger Sprooch spillt eng wichteg Roll. Et ass d’Integratiounssprooch an der Schoul a si gëtt och an de sougenannten Niewefächer agesat.

Op wéi enger Sprooch sinn déi sougenannten Niewefächer?

Déi sougenannten Niewefächer sinn op Lëtzebuergesch an d’Schüler schreiwen an där Sprooch, an där si alphabetiséiert goufen.

Wat geschitt, wa mir am Laf vun der Grondschoulzäit géifen an eng aner Gemeng plënneren?

An deem Fall gëtt gekuckt, dass de Schüler, deen op Franséisch alphabetiséiert gouf, ka säi Schoulparcours deementspriechend weider maachen.

 

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu