NewsNews

codir
12.03.2024

Matinée "zesumme wuessen!" fir de Collège des directeurs

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu

De 7. Mäerz 2024 sinn d’Direkteren, d’Adjointen an d’Chargés de gestion administrative aus de 15 Regionaldirektiounen am Forum Geesseknäppchen iwwert d’Neiegkeeten am Projet “zesumme wuessen!” informéiert ginn.
No der Begréissung vum Joël Mischaux huet de Minister Claude Meisch nach eemol d’Wichtegkeet vun dësem Projet ënnerstrach. Nieft den Temoignagë vun zwou am Projet implizéierten Enseignanteën - Sarah Scholtes (Nelly Stein Schoul Schëffleng) a Caroline Kayser (Schoul Uewerkuer), sinn de Luc Weis (SCRIPT) an d’Francine Vanolst (SEF) op d’Konzept an d’Organisatioun vum Projet agaangen, d’Joanne Colling (LUCET) an d’Caroline Hornung (LUCET) hunn déi ugepasste “Épreuves standardisées” a Bezuch op d’Evaluatioun vum Projet virgestallt an d’Carole Dupont (IFEN) huet de Parcours de formation “Alphabetisatioun” präsentéiert.