NewsNews

Wëssenschaftleche Rot 27. a 28.09.23
28.09.2023

Wëssenschaftleche Rot 27. a 28. September 2023

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu

De wëssenschaftleche Rot, deen am Kader vum Pilotprojet „zesumme wuessen!” opgesat gouf, huet sech eng éischte Kéier de 27. an 28. September 2023 getraff. D'Membere vun dësem Rot sinn: Dr. Pierre Escudé (Université de Bordeaux), Dr. Christine Hélot (Université de Strasbourg), Prof. Dr. Claudia Polzin-Haumann (Universität des Saarlandes) an Dr. Marc Schmidt (Centre de Logopédie Lëtzebuerg).  Beim éischten Treffen de 27. September 2023 gouf virun allem iwwert d'Entwécklung, wéi och iwwert d'Ëmsetzung an de Progrès vum Pilotprojet diskutéiert. Den 28. September 2023 war de wëssenschaftleche Rot moies op Visitt an der Nelly Stein Schoul zu Schëffleng a konnt sech e Bild maachen, wéi de Pilotprojet an de Klasse vum Cycle 1 a vum Cycle 2 ëmgesat gëtt. Mëttes hunn d'Memberen un der Journée „zesumme wuessen!” zu Esch-Belval deelgeholl.